Scheckiwwerechung CTF Iernster

Den CTF-Iernster ënnerstëtzt de Kanner- a Jugendtelefon

Am Laf vun 2017 huet de Gaart an Heem vun Iernster den Ofschloss vu senger Kachbuch-Aktioun gemaach. Well de Verkaf vun deem Buch sou gutt gelaf ass, konnt de Veräi bei der Generalversammlung e Chèque vu 1500 € un de Kanner- a Jugendtelefon iwwerreechen. Domat wëllen d’Iernster Klenggäertner derzou bäidroen, dass ëmmer méi Kanner den Telefon 116 111 kenneléieren, deen hinne bei Problemer a Froe kann eng wäertvoll Hëllef sinn.