De Lycée Technique Lalleng ass zanter Joren ëmmer mat senge Schüler engagéiert ee Projet fir de gudden Zweck op d'Been ze setzen. Dëst Joer hu 6 Schüler Mara, Rodrigo, Rafael, Melissa an d'Mussa ee super Event a Liewe geruff dat si als LTL Charity GP organiséiert hunn. An Zesummenaarbecht mat hire Partenairen an Sponsore konnten si dëst Event zu engem richteg Erliefnis maache fir Grouss a Kleng.Duersch hir fantastesch Aarbecht hunn si déi generéis Kollekt vun 2.647,44 € gesammelt an déi ganz houfreg un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwerreecht.