Eng „Première latine“ aus dem Dikkricher Kolléisch feiert Conveniat zu Esch Uelzecht

Virun 49 Joer hu mer am LCD d’Première gemaach. Dëst Joer ware mer zu 20, fir de Conveniat zu Esch Uelzecht ze feieren. Moies: Visite vun der Cité des Sciences a vum Héichuewen, bis ganz uewen op d’Bleederbühn. De Jang Goedert aus eiser Klass, als fréieren Architekt vun der Staat Esch zoustänneg fir d’Visitte vum Site Belval, huet eis mat de baulechen Aspekter vun der Cité begeeschtert an d’Fonctionnement vun den Héichuewen erkläert. Mir hu Respekt empfonnt fir déi Leit, déi dat alles opgeriicht hunn, mä virun allem och fir déi, déi hei haart a geféierlech geschafft hunn. Mam Zuch goung et op Esch an d’Maison Lefèvre, wou den Nico eis nom Mëttegiessen al Fotoen aus eiser Lycéeszäit mat engem Beamer gewisen huet.
Bei der Receptioun op der Gemeng ass de Schäffen Martin Kox op d’Entwécklung vun der Staat Esch agaangen, mat hiren Problemer, bedengt duerch den Ofbau vun der Stolindustrie, mä dann awer och op d’Zukunftsperspektiven. Déi erginn sech lo durch d’Implantatioun vun der Uni um Site Belval, an dat souwuel wat déi wirtschaftlech, wéi och déi sozial, kulturell an demographesch Aspekter ubelaangt. Erënnert gouf och u munnech geschichtlech Verbindungen tëschent der Haaptstad vum Süden an dem Norde vum Land: vill Leit aus dem Éislek hunn op de Schmelzen hiert Brout verdéngt. Mir hunn dann nach ee ganz speziellt Verhältnis mat Esch, well een anere Klassenkomerod, den Paul Thielen, deen eis awer leider scho verlooss huet, wor Direkter op Arbed Belval.
Mir waren zefridde mam Conveniat a freeën eis schonn op den nächsten, an engem Joer!
( R.K. a J.Sch.)