Erléis vum Chrëschtmoart iwwerreecht

Den 15. Mäerz 2019 ass a Präsenz vun der Direktioun a Schüler vum LHCE e Chèque an der Héicht vun 2 250 € iwwerreecht ginn.
Et handelt sech bei deem Montant em den Erléis vum traditionellen Chrëschtmoart deen den 18. Dezember 2018 am Lycée stattfonnt huet.
De Chèque hunn d'Madammen Anne Botzem an Mady Abens am Numm vun der ONGD Lëtzebuerger Guiden a Scouten entgéint geholl.