Strong Winds 2019 - LHCE & Friends

Fir déi 5. Editioun vum Concert Strong Winds - LHCE & Friends hunn d'Museker aus dem Lycée Hubert Clément vun Esch/Uelzecht nees d'Äerm eropgestrëppt fir zesummen ze prouwen an e flotte Programm op d'Been ze stellen. Freides, de 14. Juni konnte Schüler, fréier Schüler, déi sech ëmmer nees eng Freed draus maachen an hir "al Schoul" zréckzekommen, Proffen a fréier Proffen eng ronn 200 Nolauschterer mat engem ofwiesslungsräiche Programm begeeschteren.

D'Soliste Laura Sandulescu, Uilson Castro, a Lisa Henn wosste mat hirem Kënnen an hire flotten Interpretatiounen z'iwwerzeegen. Donieft huet den Trio Ana Gaifem, Nermina Jusufu an Jill Amper zwee Lidder interpretéiert, an d'LHCE-Chorale, ënnert der Leedung vum Här Luc Grethen, huet d'Lidder "7 Rings" a "Let Me Down Slowly" virgedroen.

D'LHCE-Orchester, dat ënnert der Direktioun vum Marc Gillet stung, huet en ofwiesslungsräiche Programm virgedroen, dee vu Richard Wagner iwwer Swing bis bei de legendäre Rocksong "Bohemian Rhapsody" gefouert huet. D'Moderatioun vum Owend war an den talentéierten Hänn vum Maxine Pletschette an dem Karim Gérin, déi den Owend mat Witz a Charme opgelockert hunn.

Och dëst Joer huet de Projet Strong Winds nees ville jonke Schüler d'Méiglechkeet ginn an engem groussen Harmonieorchester ze spillen, a fir déi fréier Schüler a Frënn vum LHCE war et eng flott Geleeënheet bekannte Gesiichter aus hirer Schoulzäit erëmzegesinn.