Wann ech e Buch wier…

Wann ech e Buch wier…

Ettelbréck: “Wann ech e Buch wier, hätt ech gär eng Plaz an der magescher Welt vun de Kannerdreem.”
Sou heescht et am Buch vum José Jorge Letria (Auteur) a vum André Letria (Illustrateur), dat d’Ettelbrécker Bibliothéik zesumme mat Kremart op Lëtzebuergesch an op Portugisesch erausginn huet. Et ass en Hommage un d’Magie vum Buch, poetesch a voller Fantasie. Den Text an d’Illustratioune regen zum Nodenken an zum Weiderspanne vun der Iddi un.

De José Jorge Letria (* 1951), Journalist, Dichter, Museker a Politiker, kann op e grousst Wierk fir Kanner a Jugendlecher zréckkucken. Säi Jong, den André Letria, (* 1973) ass e bekannte portugiseschen Illustrateur, dee scho vill Präisser kritt huet.

Fir d’Virstellung vum Buch ass den André Letria op Ettelbréck komm a während zwee Deeg huet hie mat de Schüler an der Grondschoul Workshoppe gemaach. Zesumme mam Christiane Kremer vu Kremart Edition huet hien déi nei zweesproocheg Versioun vum Buch an der Ettelbrécker Bibliothéik virgestallt. E flott Buch fir Kleng a Grouss, fir an der Schoul a fir doheem.

D’Buch ass ze kafen an all gudder Librairie, an der Ettelbrécker Bibliothéik an direkt bei Kremart Edition. “Wann ech e Buch wier” , José Jorge Letria & André Letria, ISBN 978-99959-39-90-8