D'Kommissioun fir den 3. Alter huet zesummen mat der Amiperas, de Fraen a Mammen an dem HPPA hir Chrëschtfeier am Altersheem zu Maacher gefeiert. No engem gudden Menü huet Mme Thibold an den Här Turmes vun der Fondatioun EME zesumme mat de Leit Chrëschtlidder gesongen. No der Tombola konnten d'Leit nach gemittlech beim Pättchen zesummen sëtzen.