Dag vum Handicap Gréiwemaacher

Gréiwemaacher: Dag vum Handicap am Foyer Pietert.

D’Chancegläichheetskommissioun vun der Stad Maacher huet den Dag vum Handicap am Foyer Pietert gefeiert. Zesumme mat de Bewunner aus dem Foyer Pietert, hieren Elteren, hirem Personnal, der Amicale vum Foyer Pietert, de Bewunner aus dem HPPA vu Maacher a Maacher Awunner war e flotten Nomëtteg organiséiert ginn. D’Kanner aus der 6. Schoulklass vun der Maacher Grondschoul hunn si mat hirem musikaleschen Encadrement begeeschtert. Weider gung et mat Gesang an engem gemittlechen Pättchen vun der Musel.