Bei an an der Helzer Klaus 5.8.2020

Helzer Klaus war ein Pilgerort und enthielt früher einen prachtvollen gotischen Altar. Davon gibt es nun eine Gipskopie. Das Original steht in der Kirche von Hachiville. Er gilt als einer der schönsten Kunstschätze in Luxemburg.
Eine Legende rankt sich um diesen Altar. Bestimmt war er für eine Kirche in Belgien. Während des Transports wurde in der Nähe der Kapelle Rast gemacht, um die Ochsen trinken zu lassen. Als es weitergehen sollte, standen diese wie angewurzelt, nichts brachte sie in Bewegung. Dies wurde als Zeichen gewertet, dass der Altar in diese Kapelle gehörte.

D'Helzerklaus ass eng kathoulesch Pilgerkapell déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.

De Patréiner ass den Hellegen Thomas, deem säi Fest den 3. Juli gefeiert gëtt.

Se steet e gudde Kilometer nordwestlech vun der Uertschaft Helzen, um Südrand vum Helzenerbësch. Am direkten Ëmkrees vun der Kapell entspréngt eng Quell, déi nom Hellegen Thomas benannt ass, an no 60 m an d'Helzenerbaach leeft.

D'Helzerklaus gouf den 28. Dezember 1961 als Nationaalt Monument klasséiert.[1]

Schnëtzaltor[änneren | Quelltext änneren]

De Schnëtzretabel aus der Helzerklaus (Den Original steet an der Kierch zu Helzen)

Ëm 1500 fanne mer dann de wäertvolle Schnëtzaltor, de Retabel, dat eigentlecht Gnodebild vun Helzen. En ass traditionell brabännesch (cf. d'Opdeelung vun den Zeenen, d'Dimensioun vun de Figuren, d'Kleedung). En Ënnerscheed besteet awer an de Formen: D'Figure si méi ronn a méi behäbeg. D'Origine ass warscheinlech déi äusserst Nordwestgrenz vun der historescher Provënz Lëtzebuerg. De Kënschtler, obschonn an der gotescher Traditioun verwuerzelt, wennt sech schonn engem Renaissance-Ideal zou. Seng Identitéit ass net kloer. Hei gëtt et verschidde méi oder manner plausibel Theesen.

Et handelt sech ëm e marianeschen Altor: Ënne sinn d'Freede vum Maria duergestallt: de Joachim an d'Anna, also de Bop an d'Bom vum Jesus vun Nazaret, d'Verkënnegung an d'Krëppchen, uewen d'Passioun vu Christus an d'Leide vu Maria. En ass e Spigelbild vun der mëttelalterlecher Volleksfrëmmegkeet an dem dozou gehéierege Schaubedierfnes: D'Bild steet un éischter Plaz (Bildverkënnegung nieft Wuert- an Dotverkënnegung).

Vun 1959 bis 1960 gouf de Schnëtzaltor restauréiert an zu Helzen opgestallt - no verschiddenen onglécklechen Agrëffer: an der Barockzäit gouf en Tabernakelan déi mëttelst Nisch gesat, wouduerch d'Haaptfigure vun der Gebuert Christi verluer goungen; 1895 koum en neigoteschen Altor dobäi mat enger irféierender Ëmstellung vun de Figuren; 1931 gouf de Schnëtzaltor duerch e grellen Uelegustrach total entstallt.

Den 3. August 1976 gouf den Altor geklaut, wouduerch Helzen nees nei an d'Gespréich koum. Déi lëtzebuergesch an déi belsch Gendaarme konnten en allerdéngs relativ séier nees sécherstellen. Wärend deenen zwéi Méint, wou e verschwonne war, krut d'Wallfaart en neien Héichpunkt: Eng jonk Fra gëtt stënterlech un der Quell vun engem béisaartegen Tumor geheelt. Haut steet den Original-Altor an der Helzer Kierch, an enger extra dofir gebaute Säitekapell (Gnodekapell). Op der Helzerklaus steet eng zweedimensional Kopie, also eng grouss Foto.