De 17. Juli 2016 huet de „Baby-Sitting an der Gemeng Hesper a.s.b.l.“ an Zesummenaarbecht mat dem Jugendhaus Hesper fir d’Gemeng Hesper eng Ausbildung fir Baby-Sitter organiséiert.
9 Baby-Sitter waren dobäi an kruten den Emgang mat Babyen a Kanner, Spiller, Sécherheet, Organisatioun an soss alles wat e gudde Baby-Sitter wësse muss bäibruecht.
Um Enn vum Dag konnte mir de folgende Baby-Sitter en Diplom iwwerreechen: Gaëlle Fichou, Carla Klein, Julie Gaasch, Melany Rodrigues Sanches, Sarah Kratz, Elena Labalestra, Anne Peiffer, Maya Peraza a Selena Rubio.
Si stinn ab elo op eiser Baby-Sitter-Lëscht.
Wann dir e Baby-Sitter braucht, haaptsächlech fir d’Gemeng Hesper, da kënnt dir Iech bei eis mellen. Ausserdeem hu mir och eng Lëscht vu jonke Leit, déi de Kanner an der Grondschoul Nohëllef doheem ginn.
www.hesper-kanner.lu