Erënnerungen un "Ons Jongen a Meedercher"

10
sept.
2022
10 sept.


Erënnerung un „Ons Jongen a Meedercher”

Virun 80 Joer huet de Gauleiter d’Zwangsrekrutéierung proklaméiert

Lëtzebuerg.- Mat verschiddene Gedenkzeremonien, organiséiert vun der «Fédération des Enrôlés de Force, Victimes du nazisme», gouf an der Haaptstad drun erënnert, datt de Gauleiter Gustav Simon op Fouersonndeg, den 30. August 1942, am Kader vun enger grousser Propagandamanifestatioun vun der “Volksdeutsche Bewegung“ (VdB) an den Ausstellungshalen um Lampertsbierg déi allgemeng Wehrflicht fir d’Lëtzebuerger Jongen a Meedercher vun de Gebuertsjoergäng 1920-1924 proklaméiert hat. Spéider sinn och nach d’Joergäng 1925, 1926 an 1927 vun dëser Zwangsrekrutéierung derbäi komm.

Den Ufank vun den Erënnerungsfeiere war bei der Hollerecher Gare, wou a Präsenz vun Zäitzeien virun dem 1996 ageweiten „Mémorial de la déportation“ Blummen niddergeluet goufe vum Chamberpresident Fernand Etgen, der Ministerin Corinne Cahen, dem Stater Schäffe Maurice Bauer, dem Vizepräsident Guy Dockendorf an dem Arlette Lommel fir de „Comité pour la mémoire de la Deuxième Guetre mondiale“ souwéi dem Josy Lorent an der Maisy Ginter-Bonichaux fir d’Zwangsrekrutéiertefederatioun. Eng Clique Clairon-tambour vun der Militärmusek huet an där Zäit d’Sonnerie aux morts gespillt. An enger Ried ass de Josy Lorent, President a.i. vun der Zwangsrekrutéiertefederatioun, am Zesummenhank mam Zweete Weltkrich kuerz op d’Bedeitung vun der Hollerecher Gare agaangen, wou de 17. September 1942 den 1. Convoi mat politeschen Deportéierte fortgefuer asss an duerno bis den 31. August 1944 nach 86 aner Convoien grad wéi Zich mat Zwangsrekrutéierten.

Déi nächst Etapp war virun der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg, wou de Josy Lorent op dem Gauleiter Simon seng Proklamatioun vum 30. August agaangen ass, vun deeër praktesch all Famill zu Lëtzebuerg direkt oder indirekt betraff war. D’Zwangsrekrutéierung vun de „Jongen a Meedercher“, déi géint d’Neutralitéit vu Lëtzebuerg a géint d‘Vëlkerrecht verstouss huet, ass an den Aë vum Riedner dat gréisste Krichsverbrieche vun den Naziën un der Lëtzebuerger Jugend gewiescht. Virun der Gedenkplack, déi un d’Affer vun dëser Zwangsmoossnahm erënnert, goufe Blummen niddergeluet vum Chamberpresident Fernand Etgen, der Ministerin Corinne Cahen, der Stater Schäffin Colette Mart, dem Vizepresident Guy Dockendorf an dem Josée Gaasch-Trauffler fir den CM2G souwéi dem Josy Lorent an dem Nicole Muller-Melchior fir d’Fedef.

Fir den Ofschloss vun dësem Deel vum Programm huet de Generalvikar Patrick Muller an der Lampertsbierger Kierch fir d’Affer vum Zweete Weltkrich eng Gedenkmass zelebréiert, déi vun der „Chorale des Exilés“ ënnert der Leedung vum Edmond Faber a mam Josy Thill op der Uergel musekalesch verschéiert gouf. D’Clique Clairon-tambour vun der Militärmusek huet no der Wandlung d’Sonnerie nationale vum Fernand Mertens intonéiert.


A Präsenz vun Zäitzeie war den Ufank vun de Gedenkzeremonië virum „Mémorial de la déportation“ bei der Hollerecher Gare (Foto: Jean Ferber)