De Mett Hoffmann: Lëtzebuerger Moler (1914-1993)

Mett Hoffmann (1914-1993)
De Mett Hoffmann, gebuer de 15. Januar 1914 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 14. Abrëll 1993, war e lëtzebuergesche Moler.
Den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht huet 10 Biller vum Mett Hoffmann a senge Kollektiounen, an dat vun der net figurativer bis zu der Gouacheperiod.

De Mett Hoffmann, deem säi Papp Lokomotivchauffer war, ass zu Hollerech op d'Welt komm. Schonn als Kand huet hie vill gezeechent, woubäi hie sech vu Postkaarte mat Landschaften aus dem Süden inspiréiere gelooss huet.

Dës éischt Versich weise schonn eng vun den Haaptcharakteristike vun de spéideren Aarbechte vum Kënschtler op: d'Virléift fir waarm Faarwen a staark Kontraster.

Fir d'éischt huet de Mett Hoffmann an der Handwierkerschoul um Lampertsbierg studéiert. Seng Professere waren den Eugène Kurth, Pierre Blanc an de Josy Meyers.

De Wonsch Moler ze ginn, gouf vu sengen Elteren ënnerstëtzt. Sou hu si en Haus an der Hollerecher Strooss verkaaft, fir hirem Jong seng Konschtstudien ze finanzéieren.

No der Handwierkerschoul studéiert de Mett Hoffmann 1934 op der École supérieure des arts décoratifs zu Stroossbuerg, an duerno op der Akademie der bildenden Künste zu Wien.

1935 kënnt hien op Lëtzebuerg zréck. Vun 1935 bis 1940 lieft hie bei sengen Elteren a versicht mat der Kreatioun vun Affiche Suen ze verdéngen. 1937 schafft hie fir d'Exposition de l'eau zu Léck.

1940 lount hien eng Wunneng um Lampertsbierg. Seng Sue verdéngt hien als Usträicher, woubäi hie virun allem a Kierche schafft. Bei enger Rees op Düsseldorf léiert hien de Professer a Moler Hans Schmitz kennen a geet an dem seng Coursen op Wiedenbrücker Schule. Do léiert hien intensiv d'Zeechne vu Portraiten a Landschaften.

Wärend der Nazi-Okkupatioun stellt hie weider aus a verkeeft seng Biller, virun allem Portraiten an Nature morten. Och verbréngt hie vill Zäit am Éislek, besonnesch zu Wolz, Esch-Sauer a Veianen, wou en zwee Joer laang ouni Ënnerbriechung lieft.

De Mett Hoffmann war vun den Éisleker Landschafte faszinéiert. Hien huet sech en Haus zu Bungeref kaaft, an deem hien e groussen Atelier amenagéiert huet.

Vu 1945 u reest hie vill an d'Ausland, virun allem op Paräis, wou hien déi deemools modern Konscht kenne léiert, besonnesch d'Aarbechte vum Picasso an déi vun der École de Paris.

Wärend senge Reesen op Venedeg, Florenz a Roum passionéiert hie sech fir Italien an d'Konscht vun der Renaissance.

Knapps 20 Joer nodeems hien an d'Éislek geplënnert war, gëtt hien duerch eng Krankheet gezwongen, an d'Stad zréck ze goen, wou e sech erëm zu Hollerech etabléiert.
Wéi vill Moler huet de Mett Hoffmann fir d'éischt figurativ gemoolt, virun allem Landschaften a Portraiten.

D'Éisleker Landschafte ware seng gréisst Inspiratiounsquell. Dat Gréngt vun de Wisen, dat Brongt vun de geploute Stécker, an dat Grot vun de Leeë kënnt dacks a sengen Tableaue fir. An dës éischter däischter Téin huet hien dann als Kontrast eng Touche Rout oder Giel erabruecht.

Vun 1945 u mécht sech a senge Biller den Afloss vun der moderner Molerei ëmmer méi bemierkbar, besonnesch dee vum Picasso.

Deen eenzege Lëtzebuerger Moler deen de Mett Hoffmann beaflosst huet, war de Joseph Kutter, wat däitlech an enger Rëtsch vu senge Biller z'erkennen ass, a wat och vum Mett Hoffmann selwer confirméiert gouf.

Vun der Mëtt vun den 1950er Joren u léisst de Mett Hoffmann sech ganz vun der figurativer Konscht lass a moolt nëmme méi abstrakt Motiver. Seng Uelegbiller loossen den Afloss vun der École de Paris erkennen. Seng Aarbechte leien an derselwechter Linn wéi déi vum Grupp vun den Iconomaques, eng Grupp zu där hien awer ni gehéiert huet.
1955 kritt hien op der III. Biennale vu Sao Paulo eng Mention d'Honneur.

Tëscht 1980 a 1985 wiesselt de Mett Hoffmann vun der Ueleg- zu der Gouachemolerei. Vu 1985 u moolt hie mat Akrylfaarwen.

Wärend senger ganzer Carrière huet de Mett Hoffmann Kierchefënstere realiséiert, sou z. B. an de Kierche vun Uerschdref, um Briddel an um Houwald. Hien huet awer och am Mosaik geschafft an esou de Baseng vum Léiwebuer an der Stad realiséiert[1].