Aktioun „Weihnachten im Schuhkarton“ zu Izeg an der Grondschoul

D’Izeger Grondschoul (Cycle 2-4) huet am Kader vum Reliouns- a Moralsunterricht d’Aktioun „Weihnachten im Schuhkarton“ ënnerstëtzt.
Zesummen mat de Kanner hu mir 48 Schongkëschten mat Séissegkeeten, Schoulmaterial,Spillsaachen ,… gefëllt, déi d’Kanner vun doheem matbruecht hunn. Eis Këschten si vun Izeg op Tréier transportéiert ginn, vu wou se weider a Rumänien ginn.
D’Schoul Izeg huet d’Onkäschten fir den Transport vun 270,00 € gestëft.
Alle Leit, déi dës Aktioun mat ënnerstëtzt hunn, e grousse
M e r c i !!