HMEsch: D’Joffer Marie-Madeleine, frësch verléift.

10
juin
2023
10 juin


D’Harmonie Municipale vun Esch invitéiert op en aussergewéinleche musikalesche Spektakel an d’Philharmonie Lëtzebuerg, e Samschden, 10. Juni 2023 um 20 Auer :

„D’Joffer Marie-Madeleine, frësch verléift“: Eng musikalesch Geschicht – nei erzielt!


Der Joffer Marie-Madeleine, enger zackeger jonker Damm, läit d’Männerwelt zu Féiss, eng Entscheedung fält hir schwéier wat fir vill Duercherneen a muencht Häerzensleed suergt.


Dëst Koméidisstéck, an deem sech bekannte Wierker vun e.a. Beicht, Benatzky, Dicks, Lehár, Stolz a Strauss begéinen, ass eng Kreatioun am Kader vum 150-järegen Anniversaire vun der Escher Stadmusek.

Loosst Iech entféieren an d’Dramwelt vun der Operett a verbréngt en onvergiesslechen Owend mat Melodien aus e.a. dem Vogelhändler, Op der Juegd, dem Scholdschäin, der Fledermaus oder der Lustigen Witwe. Daucht an an d’Geschicht vum Marie-Madeleine, begleet hatt op der Sich no sengem Gléck a freet Iech op en onerwaartent Happy End.


D’Escher Stadmusek an hir Soliste spillen ënnert der Direktioun vum Jean Thill, dee fir d’Arrangementer an d’Orchestratioun zeechent an an dëser Opféierung och seng gesanglech a schauspilleresch Qualitéite weist.

D’Gaby Wolter-Boever (Sopran) iwwerhëlt d’Roll vun der Joffer Marie-Madeleine a steet, niewent dem treie Bedéngschte Sigi, gespillt a gesonge vum Fernand Delosch (Tenor), am Déngscht vun der Madamm La Grande-Duchesse, interpretéiert vum Yannchen Hoffmann (Mezzosopran). Bei der Madamm La Grande-Duchesse op Besuch sinn hire laangjärege Bekannten, en onduerchsiichtege Baron, interpretéiert vum Carlo Hartmann (Bariton) an dee schmocke Fraleitsgeck Danilo, gespillt a gesonge vum Al Ginter (Tenor).

D'Nadine Ewerling huet d’Konzept an d’Inzeenéierung ausgeschafft.


Tickets: +352 26 32 26 32 www.philharmonie.lu