Den 15. Oktober huet d’Amicale des Anciens SPUERKEESS de Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun um Kierchbierg besicht. D’Visitt ass an dräi Gruppe verlaf, déi duerch déi verschidde beandrockend Raimlechkeete vun de Gebaier gefouert goufen – ënner anerem duerch d’Bibliothéik an de grousse Sëtzungssall.
Do huet den Här François Biltgen, Riichter um Geriichtshaff a President vun der éischter Kummer vum EuGH, de Participante mat vill Engagement d’Aarbecht an d’Funktionéiere vum Geriichtshaff erkläert a verschidde spannend Beispiller vun Uerteeler kommentéiert.
E besonneschen Héichpunkt war d’Visitt vum 27. Stack am Tuerm Rocca vun deem aus een – trotz net optimalem Wieder – eng herrlech Vue iwwert d’Géigend genéisse konnt.
D’Amicale seet den Organisateuren, de Guiden an der ganzer Equipe vum EuGH en décke Merci fir dës aussergewéinlech interessant a gutt organiséiert Visitt.
No der Visitt goung et mam Tram iwwert de Kierchbierg weider bis bei de portugisesche Restaurant Piri-Piri, wou an enger flotter Ambiance gutt zu Mëtteg giess gouf.
Am Ganzen hate 57 Leit un dëser gelongener Aktivitéit vun der Amicale des Anciens SPUERKEESS deelgeholl.