Eng Erënnerung un de Pik (Pir Kremer)

De Pik (Pir Kremer) en Auteur an eng Radiostëmm.

De Pierre, genannt Pir Kremer, gebuer de 17. August 1919 zu Käerch, war Staatsbeamte bei de Ponts & Chaussées. Hie war bekannt als Schreiwer vu Geschichtsbänn, satireschen Texter, Sketcher, Geschichte fir Kanner a Lidder, awer och als Auteur oder Co-Auteur vu 25 Revuen. Mee ganz villen ass hien haaptsächlech an Erënnerung duerch déi populär RTL-Emissioun “Um Staminet“, an där hie wärend 35 Joer als Auteur matgeschafft an och selwer matgespillt huet. De Pir Kremer ass den 18. Mäerz 2000 am Alter vun 80 Joer verstuerwen.

Dee leschte Staminet war den 12. Mäerz 2000, zwou Woche viru sengem Doud.

Besonnesch zu Éiere kënnt hie vum 13. Dezember un am Kulturhaus Miersch am Spektakel "Um Stamminee" vum Claude Mangen. Dozou gehéiert och eng intressant Ausstellung, déi den CNA an d'Literaturhaus vu Miersch opbauen. Den 1. November weise mer op Tele Lëtzebuerg och en Documentaire vum Frank Grotz mat Temoignagen a Biller iwwer d'Schaffen an d'Wierk vum Pir Kremer.

Hien huet 35 Joer laang als fräie Mataarbechter vun RTLd'Emissioun Um Staminet geschriwwen an dra matgespillt. Am Ganze waren et eng 1.800 Episoden, déi sonndes Owes ausgestraalt goufen, déi lescht dovun den 12. Mäerz 2000, zwou Woche viru sengem Doud.[3] Hie war och Auteur oder Coauteur vu 25 Revuen (ënner dem Pseudonym Pik). Ausserdeem war hien Auteur vu Gedichtsbänn, enger Rei satireschenTexter, Sketcher, Geschichte fir Kanner a Lidder.