Ouverture vum 'Wëllplanzesom Lëtzebuerg' Schaufeld zu Koplescht

Mir waren d'LUX-Mëschungen vum 𝑊𝑒̈𝑙𝑙𝑝𝑙𝑎𝑛𝑧𝑒𝑠𝑜𝑚 𝐿𝑒̈𝑡𝑧𝑒𝑏𝑢𝑒𝑟𝑔 um Schaufeld zu Koplescht kucke goen. Do sinn déi verschidde LUX-Mëschungen op klenge Felder ugeséint an Dir kënnt déi veschidde Blummewisen op enger Plaz gesinn. Dir selwer kënnt bis kucke goen an Iech un der Bléievillfalt inspiréieren - d'Schaufeld et ass fräi zougänglech.


D‘LUX-Mëschunge gi fir d’naturno Begréngung an de Stied an Dierfer, bei de Gemengen, Privatleit an och op landwirtschaftlechen Terrain‘en genotzt. Déi véier LUX-Mëschunge vir de Siidlungsberäich gi mëttlerweil op méi wéi 25 Verkafsplazen uechtert Land ugebueden an déi aacht landwirtschaftlech LUX-Mëschunge kritt een hei am Land an der individuell gewënschter Quantitéit ze kafen. Wann och Dir wëllt eppes fir d’Bestëbser an Iech selwer maachen an am Fréijoer keng Zäit hat, da kënnt dir d‘Wëllplanzegeseems och am Hierscht ausséinen.


All Infoe fannt Dir op: wellplanzen.lu


𝑊𝑒̈𝑙𝑙𝑝𝑙𝑎𝑛𝑧𝑒𝑠𝑜𝑚 𝐿𝑒̈𝑡𝑧𝑒𝑏𝑢𝑒𝑟𝑔 leeft ënnert der Finanzéierung vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit an der Ënnerstëtzung an Opsiicht vun der ASTA.