Beim leschten Concert an der Hall 75 zu Nidderkäerjeng am Kader vun der Ausstellung vun der Gëlle Fra sin eng etlech Musiker vun der Musikschoul Käerjeng opgetrueden.
Et waren Musiklehrer mat hiren Schüler op verschidden Instrumenter.
De Sall war bis an die lescht Rei besat,an d'Leit hun net mat Applaus gespuert. Zum Schluss koum d'Iwerraschung an der Persoun vum André Mergenthaler, den d'Leit mat senger Musik ze begeschteren woust.
E Virtuos op sengem Instrument, wat soll en soss soen! Zum Schluss vun sengem Optrett krut hien nach en Standing Ovatioun.