Generalversammlung mat Ausbléck
Virun 80 Joer koumen d’Streik- an d‘Resistenzaffer vun Hinzert heem op den Nikloskierfecht
Lëtzebuerg. Viru kurzem haten sech d’Memberen vun der Amicale des Anciens de Hinzert erëmgesinn. D’Amicale denkt ëmmer am Abrëll un hir Verstuerwen.
Dëst Joer war rëm méi eng speziell Erënnerung, well den 9. Mäerz 1946 koumen d’Streik- an d‘Resistenzaffer heem a gouwen den 10. Mäerz um Nikloskierfecht bäigesat.
Beim Hinzerter Kräiz hunn d’Nokommen vun de Kz’ler, Albert Worré, Arlette Lommel a Marcel Lamy a Gedenken un d’Hinzerter Blummen néiergeluegt mat der musikalischer Begleedung vum Lidd d’Fräiheet ass onst Liewen, der Sonnerie aux Morts an der Heemecht. Duerno huet de Generalvikar an Aumônier vun der Amicale, den Här Patrick Müller d’Gedenkmass an der Glaciskapell zelëbréiert, begleed vum Ëmsiedlerchouer.
No dem Mëttegiessen war dunn d’Generalversammlung mat engem gutt gefëllte Programm. No der kuerzer Usprooch vum President gouwen den Aktivitéitsbericht an de Keessbericht ugeholl.
D’Amicale huet dunn och rëm Direktesch vum Dokumentatiounszenter zu Hinzert, d’Mme Dr. Sabine Arend begréisse kënnen an déi éischt Pläng fir déi national an international Feier den nächsten 19. September zu Hinzert virbereed. Dëst Joer gëtt et och do ganz speziell. D’Chorale Cents sengt d‘Uropféierung vun engem neien Massordinarium mat lëtzebuerger Melodien als Undenken un déi Deeg vum 9. an 10. Mäerz 1946. Studenten aus Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland droën och Texter a Musek bei dëse Feierlechkeeten vir.
Edmond Faber via Mywort