Réckbléck an Ausbléck
Virun 80 Joer gouf d’KZ-Hinzert evakuéiert
Lëtzebuerg. Viru kurzem haten sech d’Membere vun der Amicale des Anciens de Hinzert erëmgesinn. D’Amicale denkt ëmmer am Abrëll un hir Verstuerwen. Et ass déi Zäit wou 1945 am Mäerz an Abrëll, d’Lager zu Hinzert an Etappen evakuéiert gouf a vill Häftlingen no Osten gedriwwe gouwen. Beim Hinzerterkräiz hunn d’Nokommen vun de Kz’ler, den Albert Worré, Albert Hansen, Arlette Lommel an de Marcel Lamy a Gedenken un d’Hinzerter Blummen néiergeluegt mat der musikalischer Begleedung vum Edmond Faber vun der Sonnerie aux Morts an der Heemecht. Duerno huet de Generalvikar an Aumônier vun der Amicale, den Här Patrick Müller d’Gedenkmass an der Glaciskapell zelëbréiert, begleed vum Ëmsiedlerchouer.
No dem Mëttegiessen war dunn d’Generalversammlung mat engem gutt gefëllte Programm. No der kuerzer Usprooch vum President gouwen den Aktivitéitsbericht an de Keessbericht ugeholl.
D’Amicale huet dunn och rëm Direktesch vum Dokumentatiounszenter zu Hinzert, d’Mme Dr. Sabine Arend begréisse kënnen an déi éischt Pläng fir déi national an international Feier den nächsten 20. September zu Hinzert virbereed. Dëst Joer huet do Lëtzebuerg d’Presidentschaft vum nationalen an internationale Gedenkdag.
Edmond Faber via Mywort