Chrëschtdag steet virun der Dier. . . Da sangt emol zesummen ee Lidd!

Fridden a Freed sinn mat deem Festdag enk verbonnen.

E sëlleche schéi Lidder héiert een dann iwwerall, ma ganz schéiner sinn oft net esou bekannt a gëngen opeemol verluer goen wann een se net erëm siche geet, esou dësst schéint Chrëschtdaagslidd vum Jos Kinzé dat virun 70 Joer geschriwwe gouw.

„ Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen ! “

Alles wat dir schonn ëmmer iwwer Lëtzebuerger Lidder wësse wollt , kënnt dir am "Lëtzebuerger Lidder Archive", an enger Auswiel vun iwwer 4500 Wierker, fannen a froen oder äer Idéeën, Rotschléi an Dokumenter dohi bréngen.

Ech stinn och gäer mat "Rot an Dot", a mat Lidder-Partituren bereet !

Wann een eppes iwwer eis Lëtzebuerger Lidder wësse wëllt, oder eent sicht, da

meld iech via mail : jeankandel@pt.lu .

Och 2 Lidderbicher, zesummen 95 Lidder, déi bis elo a kengem Buch woaren, kënnt dir do fannen fir 20 € de Band !