Esouvill Statuen an engem Duerf an der Camargue !

D’Haaptstad vun der Camargue, Saintes Maries de la mer,

Een Duerf voller Statuen kuckt een ëmmer gäer !

D’Mireille, als Symbol vun deem Uert, steet an der Mëtt,

Well hat, mat grousse Eier, d’ganzt Vollek vertrëtt !

Dat Duerf ass ganz bekannt duerch d’Stéieren oder d’Päerd

Déi sinn hei an der Kultur vu ganz groussem Wäert!

D’Abrivado huet d’Stéieren an d’Arena bruecht,

Mat der Bandido ginn si op hier Weed zréck bruecht!

De Flamingo spillt hei eng ganz bedeitend Roll,

Am Flug an um Séi gi vun him Biller geholl!

D’Kräiz vun der Camargue, dat iwwerall dohier steet,

Erënnert un d‘Léift, de Glaf an d’Barmhäerzegkeet!

D’Kierch am Duerf, ee Symbol, dee gesäit ee vu wäit,

Ee Pilgeruert fir d’Zigeiner vun no a wäit!

Patréinesch vun den Zigeiner, d’Helleg ,Sara"

Gëtt grouss veréiert, vun allen, an der Crypta!

Hei blouf nach d’Natuer an de Patrimoine verschount,

Ma wie laang gi mir nach mat däer Schéinheet belount ?

Fir déi, déi hier Aën eemol fir d’lescht zou dinn,

Ass ee Monument fir d’Eiwegkeet viergesinn!