Vakanz doheem... do ass vill ze kucken !

All Duerf huet jo seng Soën,

Deenen ka keen entgoen.

Alt mol drolech oder eescht !

Mol gezunn iwwer de Leescht.


Den „Iesel“ ass zu Dickrech

Deen ass nach laang net mikkrech !

Zu Bartréng do kréint den „Hunn“.

Net wäit vun der Eisebunn !

D’“Botterfra“ zu Ettelbréck,

Dat ass beileiwe kee Geck !

Zu Réiden, de „Kropemann“,

Léist nëmmen Brav Leit eran !

Zu Maacher, de „Blannen Theis“

Spillt op der Gei eng flott Weis !

Nouspelter, “Péckvillercher“

Päife vill flott Liddercher !

Aus der Méck een Elefant,

Mécht net nëmme gäer ee Kand !

De „Siggy“ woar um Minett

Een Dichter: aartlech an nett !

De „Bopchen“ zu Déifferdéng

Ass net ëmmer sou eleng !

Dem Reenert säin Heem ass Woltz,

Duerop sinn si all ganz stolz !

De Schéifer vun Asselbuer,

Woard op dech och nach bis muer !