Wann den Hierscht d'Natuer verännert (zu Sir)

T’gëtt Hierscht ! Jean Kandel

Den Hierscht fierft d’Blieder un de Beem all goldeg giel !

D’Natuer schenkt äis déi schéinste Biller an der Wiel !

Een Tierchen duerch d’Gewan gëtt dann eng gelleg Freed,

Woar en och laang, du goufs midd, t’deet dir guer net leed !


Et wier, esou so’n der vill, déi schéinste Joreszäit !

An dat, well d’Leit esou frou sinn, een och gläich gesäit !

Bléist dann ee staarke Wand ettlech Deeg duerch d‘Natuer,

Verléiren d’Beem hiert Kleed, ma net alleguer !


Geet mueres d’Sonn spéit op an Owes fréi nidder,

Ginn d’Deeg méi kuerz, ma d’Uucht méi laang mat vill Lidder !

Déi gi gesongen vu Grous a Kleng mat vill Freed,

A gäere vum Papp op der Mandolinn begleed !


Wann dann d‘Bomi ee flott Gedicht récitéiert !

An d’Kanner vierdro‘n wat s‘an der Schoul geléiert,

De Bopi nach seng Spiichte vu fréier verzielt,

Gëtt vill gelaacht, a wéi d’Zäit vergeet, een kaum spiert !