Flott Gebuertsdagsfeier fir 31 Jubilaren am HPPA Miersch


Miersch: Mir feieren de Gebuertsdag vun eisen Pensionnären a Schwësteren, déi tëschent dem 18. Juli an 30. Oktober gebuere sin. Esou stong op der invitatioun, vun deser Oktober- Feier, wou all Jubilaren e bësse verwinnt , an iwert de rouden Teppich duerch eng flott Galerie mat schéinen farwigen Ballons och ganz häerzlich empfange goufen. No der traditioneller Gruppefoto, wou och verschidde Gemengevertrieder mat hirer Presenz derbéi waren, ass den Apéritif am festlich gerëschte Restaurant zervéiert gin. Duerno huet den Home- Direkter Nicky Wintringer allen Jubilaren am Numm vun der Direktioun mam ganze Personal zu hirem Gebuertsdag ganz häerzlich gratuléiert an hinnen alleguerten weiderhin eng gut Gesondheet gewënscht. Zum Éierendag huet d‘Personal jidderengem eng schéi Rous iwerreecht. Den Entertainer Romain Thielen huet och mat flotter Musik fir di richtig Stëmmung bei deser Feier, gesuergt. Mam Owesiessen zesummen mat de Familljen am Opschneiden vum groussen Gebuertsdagskuch huet déi flott Gebuertdagsfeier hirt würdigt Ënn fond. D’Jubilaren waren: Marie- Thérèse Meyer- Marx (76 Joer), Monique Buchholz- Feitler an Anitta Mossong (81), Marie- Anne Kraus – Peschon, Elisabeth Schmit- Metz an Marie- Berthe Lentz- Molitor (86), Virginie Kasel- Ury (87), Catherine Berens- Guelff, Anna Hildgen-Campill an Nicolas Ahles (88), Josephine Unsen- Thull, Agnès Feltes an Josée Frieseisen- Hennico (89), Antonia Philippe- Wealer an Elfriede Pomes- Hertz (90), Cécile Heinen- Schmitz, Marcel Feltus an Johanna Horsmans- Naalden (91), Alice Schmitz- Nimax (92), Armand Kamphaus, Catherine Jungers- Bour, Anny Hemmer- Traufler, Maria Pletschette an Triny Fallis- Meyers (93), Sr. Pierre- Marie Schmit, Aline Lux- Redlinger, Catherine Kayser- Wallin (95), Léonie Gengler-Schrami an Sr. Franziska Berens (96), Léonie Miny- Heck (97) an Camille Royer (101). (CR) (Foto: Charles Reiser)