Op Invitatioun vun der Musel-Sauer-Mediathéik war de leschten Weekend een Event mat jonken Schrëftsteller a Poetry Slammer an de Reim vun der Bibliothéik zu Waasserbëlleg. Den Eldoradio-Booklooker Jérôme Jaminet, deen Literaturkritiker ass an och Jurysmember vum Lëtzebuerger Buchpräis 2015, huet d’ Ronndëschgespréich moderéiert.
Deel geholl an och Extraiten aus hirem Wierk geliess hunn d’Poetry Slam Meeschteren Paule Daro a Bob Reinert, ewéi och zwee vun de Finalisten vum Jugendliteraturpräis „ Prix Laurence 2015 “, an zwar d’ Valentine Tusa a de Lukas Grün.
Et war schoun erstaunlech an och deelweis emouvant fir d’Literaturfrënn déi an d’Musel-Sauer Mediathéik op Bëlleg lauschteren koumen, wéi déi véier ganz jonk Talenter tëschent 15 an 19 Joer hir deelweis perséinlech, ergräifend an och kënschtleresch héichwäerteg Texter virgedro hunn. Während dem Lukas säin Text „ Am Ende aller Tage“, sech ëm eng radioaktiv Verseuchung duerch eng Nuklearkatastroph gehandelt huet, huet Valentine hir Geschicht: „ Les aventures de Raphaël Leroux“ an enger excellenter franséischer Aussproch, virgedro.
Keng Grenzen sinn der Mimik an der Gestik dem Performer vu Poetry-Slam-Texter gesat Dat war schon eppes Ongewinntes fir d’Bicherfrënn. Mee d’Paule an den Bob konnten d’Leit mat hiren liewegen virgedroenen Texter begeeschteren. Den Nowuess an der Literatur hei zu Lëtzebuerg ass mat esou Talenter geséchert.