Beim Marieconcert den 5. Abrëll an der Kierch zu Hunchereng huet d’Chorale Steebrécken-Biergem e Montant vun 1.500 Euro gesammelt.
Dëse Betrag gouf mat enger klenger Zeremonie zu Steebrécken un d’Fondatioun Wonschstär iwwerreecht.
Duerch dës Initiativ wollt d’Chorale net nëmmen hir musikalesch Freed deelen, mee och e konkrete Bäitrag leeschten, fir Kanner a schwéieren Zäiten eng Freed ze maachen.
„Mir si frou, mat eiser Musek och e bëssen Hoffnung a Freed kënnen ze vermëttelen“, huet Vertriederin vun der Chorale betount.
D’Fondatioun Wonschstär erméiglecht schwéier kranke Kanner, sech e perséinleche Wonsch z’erfëllen – eng Aktioun, déi d’Chorale mat vill Häerz ënnerstëtzt.