D’Kanner fir d’Liesen begeeschteren.

De 14. a 15. November hate mir an eiser Garderie eis traditionell Bicherausstellung an Zesummenaarbecht mat der Librairie Diederich wou vill Leit hiren Interesse gewisen hunn an eis während deenen 2 Deeg besicht hunn. Samschdes Mëttes huet d’Lynn de Kanner flott Geschichten virgelies an och Sonndes waren vill Elteren mat hire Kanner do.

Mir erënneren bei dëser Geleeënheet drun dass eis Garderie op ass all Muere vu véirel op 8 bis hallwer 12 (op Ufro vun hallwer 8 bis hallwer 1 an all Donneschde Mëtten vu 14 Auer bis 17 Auer) fir Kanner vu 15 Méint un.

Weider Renseignementer kritt Dir iwwert den Telefon ënnert der Nummer (691) 55 10 85.