Relais pour la Vie, och d'Garderie Wibbeldewapp war dobéi

Och dëst Joer erëm huet d'Garderie Wibbeldewapp um Relais pour la Vie deelgeholl mat eiser Presidentin an villen aneren Dammen. Souguer fir den Nowuess déi next Joeren ass gesuergt.

Mir erënneren bei dëser Geleeënheet drun dass d'Garderie Moies vun 8 bis hallwer 12 fir Kanner vun 15 Méint un op ass (op Ufro och vun hallwer 8 bis hallwer 1 an Donneschdes Mëttes).