Gemeng Käerjeng „Nationalfeierdag doheem“

De Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng invitéiert all d’Bierger aus der Gemeng op

„Nationalfeierdag doheem“


An Zäite vu COVID-19 ass villes anescht, sou och d’Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag 2020.


D’Gemeng Käerjeng proposéiert dëst Joer sengen interesséierte Bierger e „Lëtz Pack“, mat deem all Bierger, zesumme mat senger Famill, doheem de Virowend vun Nationalfeierdag feiere kann.


De „Lëtz Pack“ besteet aus e puer Produkter vu lokale Produzenten

(Gedrénks an eppes Klenges fir ze knabberen).



Sidd Dir interesséiert bei „Nationalfeierdag doheem“ mat ze maachen, da mellt Iech bis spéitstens de 15. Juni 2020 un https://forms.gle/aoWBrZzwDkr3RtML6


Dir kritt uschléissend eng Confirmatioun mat weideren Detailer geschéckt. Heimatt kënnt Dir Är(e) „Lëtz Pack(en)“ an enger vun den Drive-In Statiounen ofhuelen. Weider

Messagen vun Ärer Gemeng fannt Dir um Virowend vun Nationalfeierdag ab 18:15 op www.kaerjeng.lu, Facebook Gemeng Käerjeng, CityApp an op dok.tv

Eeler Leit iwwert 70 Joer oder COVID-19 gefärdet, déi keng Méiglechkeet hu sech op e Verdeelerpunkt ze déplacéieren oder keng Famill oder Bekannten hunn, déi dëst fir

se kënne maachen, kënne sech um Telefon 500 552 300 mellen (Dënschdeg, 9. Juni – Donneschdeg, 11. Juni tëschent 8 an 11 Auer). Eise Gemenge-Personal bréngt deene betraffe Leit de „Lëtz Pack“ heem.