Hotline Gemeng Käerjeng fir eeler a Corona-gefärdet Bierger

De Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger, datt eng

Hotline 500 552 300 (Méindes bis Freides vun 13 bis 16 Auer) ab e Mëttwoch, 18. Mäerz 2020

fräigeschallt gouw

Hei kënne Bierger iwwer 75 Joer oder déi besonnesch vum Coronavirus COVID-19 gefärdet sinn (Diabetis, kardiovaskulär Krankheeten, chronesch Krankheeten vun den Otemweeër, Kriibs, Immunschwächt op Grond vun enger Krankheet oder Therapie), sech mellen fir hir dringend noutwendeg Akeef duerch Gemenge Personal gemaach ze kréien.

E Gemengen Ugestallten këmmert sech ëm d’Akafen a liwwert d’Bestellung heem. Bei der Liwwerung ënnerschreift de Bierger d’Commande a bestätegt esou datt hie seng bestallten Artikele geliwwert kritt huet. Bei der Liwwerung  ass näischt direkt ze bezuelen. De Bierger kritt vun der Gemeng eng Rechnung geschéckt, déi dann ze bezuelen ass.

Dës Hotline bläiwt esou laang bestoen wéi d’Coronavirus Aktualitéit et erfuerdert, respektiv bis et nei Uerder a Recommandatioune vun de Staatlechen- oder de Gemengen-Autoritéite gëtt.