Lokal Geschäftswelt am COVID-19 Modus


Niewent de Supermarchéen an Tankstellen ginn et och nach weider Geschäfter an der Gemeng déi funktionéieren.

Hei kënnt Dir online, per Telefon oder Mail bestellen. Uschléissend kënnt Dir är bestallten Artikel, am Respekt vun de Sécherheetsbestëmmunge vun de COVID-19 Reglementatiounen, ofhuelen. Verschidde Betriber liwweren och heem.

Déi eenzel Geschäfter fannt dir op eiser Lëscht hei an op www.kaerjeng.lu*. D’Lëscht vun de Restaurateuren, déi en Heem-Liwwerservice oder e Service « à emporter » ubidden, hate mir den 1. Abrëll aktualiséiert.

Déi lokale Banken an Assurance bidden hir Déngschter weiderhin Online, per Telefon oder per Mail un sinn op Rendezvous fir Iech do.

Mir wiere frou wann déi lokal Geschäftswelt an dëse schwieregen Zäite géif ënnerstëtzt ginn.