Rentnerfeier 2020

Den 3., 4. a 5. Dezember 2020 sollt déi traditionell « Rentnerfeier » statt fannen. Bedéngt duerch déi aktuell Covid-19 Pandemie an op Initiative vun der Drëttalterskommissioun, huet de Schäfferot dës alljährlech Feier ofgesot an de Pensionären, déi sech ugemellt haten, e Cadeausbong am Plaz geschenkt.

Dës Bonge kënnen an de Restauranten aus der Gemeng, déi mat maachen, ageléist ginn.

Eng ronn 1.200 Cadeaus-Bongen vu jeeweils 25€ konnten esou u pensionéiert Matbierger verschéckt ginn, déi bis den 31. Mäerz 2021 Zäit hunn fir am ausgewielte Restaurant Iessen an Drénken ze bestellen oder op der Plaz ze genéisse wann d’Situatioun et erëm erlaabt.

Restauranten déi mat maachen a vun dëser zousätzlecher Hëllef profitéiere kënnen an dëser schwiereger Zäit :


Restaurant Anapurna, Bascharage

Brasserie An der Brauerei, Bascharage

Restaurant Béierhaascht, Bascharage

Restaurant Carpini, Bascharage

Restaurant Gulliver, Bascharage

Restaurant Ginseng, Bascharage

Restaurant Um Haeffchen, Bascharage

Restaurant Jade Inn, Bascharage

Restaurant Le Pigeonnier, Bascharage

Restaurant Samariano, Bascharage

Brasserie Op der Gare, Clemency

Restaurant Palais d’Orient, Clemency

Restaurant Shenyang, Clemency

Café de la Place, Hautcharage

Restaurant L’Angolo D’Oro, Hautcharage