Soirée de remerciements "Tornado"

Den 10. Februar 2020 huet d'Gemeng Käerjeng eng Remerciements Receptioun organiséiert fir déi Fräiwëlleg déi nom Tornado gehollëf hunn a fir d'Affer vum Tornado. Viru 6 Méint war e ganz schwaarzen Dag an der Geschicht vun de Gemenge Käerjeng a Péiteng. Géint 20 vir 6 ass en Tornado vu Rodange aus iwwert Rolleng, Péiteng, Bomecht, Biff iwwert Käerjeng ewech gezunn an huet vir ganz vill Schued a Misär gesuergt.

No just e puer Minutten hat den Tornado op 6-7 Kilometer Längt eng Schneis vu Verwüstung hannerlooss an et huet ee Biller gesinn, wéi een se soss just aus dem Fernseh kennt.

Ronn 310 Haiser an 19 Gemengen Installatioune goufen an der Gemeng Käerjeng beschiedegt an 80 Leit hu misse relogéiert ginn.

Als Gemeng Käerjeng war et ganz wichteg deen Owend ze organiséieren, fir engersäits alle sinistréierte Bierger eis Solidaritéit mat hinnen ze weisen an anerersäits all deene ville Leit déi op iergend eng Aart a Weis eng Hand mat ugepaakt hunn, Merci ze soen fir hiren Asaz, nom Motto “Mir hu geruff, an dir sidd komm!”