De Fausto Gardini huet der Kulturministerin seng dräi nei Bicher iwwerreecht

Fir zu Nidderkuer senger Mamm hire 86. Gebuertsdag mat feieren ze kënnen, ass de Fausto Gardini vu Jacksonville am Norde vu Florida fir e puer Deeg a seng Heemecht Lëtzebuerg gereest.

An Italien gebuer, ass de Fausto Gardini schonns am Alter vu siwe Joer op Lëtzebuerg komm, wou hien zu Uewerkuer an d'Primärschoul an zu Esch an de Lycée gaangen ass, éier en zwielef Joer laang bei der Luxair geschafft huet. Duerno ass en op Paräis geplënnert, fir als Ingénieur commercial bei enger internationaler Gesellschaft Telekommunikatiouns- a Computerservicer z'entwéckelen. Fir déiselwecht Firma ass hien 1984 op Atlanta (Georgia) transferéiert ginn an duerch 94 Länner vun der Welt gereest.

Zënter 2001 mécht de Fausto Gardini Recherchen iwwert d'Auswanderung vu Lëtzebuerg an Amerika. Iwwert dat Thema schreift hien och Artikele fir verschidde Publikatiounen, gëtt Coursen op der Universitéit zu Jacksonville a spillt heiandsdo Guide fir Lëtzebuerger Reesgruppen an Amerika.

2011 an 2012 huet hien net manner wéi dräi Bicher publizéiert: „Luxembourg on my mind“ (Band 1 a Band 2) an „The American Aunt – US Doughbys & Damsels from Luxembourg“. An dësen zwee Bänn sinn zesummen iwwer 3 000 Leit an hir Famillje mat Lëtzebuerger Blutt an Amerika identifizéiert. An deem anere Buch geet et em jong Lëtzebuerger Fraen, déi nom Éischte Weltkrich mat US-Zaldoten an Amerika ausgewandert sinn.

Am Terres-Rouges-Gebai, dem neie Sëtz vum Kulturministère, huet de Fausto Gardini gëschter Nomëtteg seng dräi Bicher der Ministesch Octavie Modert iwwerreecht, déi vun engem wichtege Bäitrag zu engem Kapitel Lëtzebuerger Geschicht geschwat huet.

En Dënschdeg, den 31. Januar, signéiert de Fausto Gardini seng Wierker vun 12 bis 14 Auer an der „Libo“ op der Stater Gare (11, rue du Fort Bourbon). (j-lo)