10. Konscht-an Hobbymaart zu Nidderpallen

01
mai
01 mai

Nidderpallener Gesank luet Iech ganz häerzlech an um 10. Konscht-an Hobbymaart, den 1.5.24 deelzehuelen. Mer géifen eis freeën Iech zu vill begréissen ze kënnen.

bei eis um 10. Konscht-an Hobbymaart sinn och Leit mat enger Behënnerung häerzlech wëllkomm. Um Plang gesidd der wou d'Parkplatzen an d'Toilett fir Leit mat enger Behënnerung sinn. D'Platz wou et ziessen an ze drénke gëtt wéi och de ganze Maart sinn gutt fir Leit mat Bewegungsaschränkungen ze besichen. Mer freeën eis op Iech.


Ab 11 Auer ass Apéro, musikalisch begleet vum Duo WaTaTouille.
Der kritt: Maitrank aus eegener produktioun, Cremant, Hugo ...
Ouni Alkohol: Mochito, Hugo, Cremant, Béier ...

Fir d'Kanner: Sprangschlass a Facepainting vun de Leit aus dem Jugendhaus Réiden.