Nidderpallen: Bei gudder Gesondheet a mat berechtegtem Stolz, konnt d'Amélie Reding- Muller, Doheem zu Nidderpallen viru kuerzem hire 85. Gebuertsdag feieren. D'Amélie Muller huet de 16. Abrëll 1941als dat zweet vun dräi Kanner zu Lëtzebuerg, d'Liicht vun der Welt erbléckt. Hir Elteren waren den Eugène Muller an d'Maria Heuertz vu Nidderpallen. Den 16. Abrël 1974 huet d'Amélie Muller sech mam Gilbert Reding vu Péiténg bestued, den bei Arbed Belval sengt deeglicht Brout verdëngt huet. Aus hirem Bestiednis koum hir eenzeg Duechter Sylvie op d'Welt. Bei gudder Gesondheet wunnen di Zwee allebéid an hirem Wunnhaus zu Nidderpallen. D'Paerd an d'Gaaredenarbecht zielen haut zur deeglicher Fraizäitbeschäftigung. Fir dese Gebuertsdag besonnesch ervierzehiewen war de Buergermeeschter Henri Gerekens a Presenz vu senger éischter Schëffin Danielle Simon- Arendt an de Konseilleren Monique Wolsfeld, Lucien Bucari ,Norbert Nilles a Luc Pauly mat enger gut gefëllter Corbeille bei d' Amélie Reding- Muller doheem virstellig fir der Jubilarin am Numm vun der Gemeng Réiden/Atert di allerbäscht Gléckwënsch ze iwerbrëngen. Ganz iwerrascht iwert de schéine Kado an d'Gléckwënsch vun der Gemeng ass duerno a gudder Ambiance zesummen mat der Famill, d'Glas erhuewe gin an op weider zefridden a gesond Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)