2020_09_24 Action Painting Marco Weiten "Les artistes résidents" - Espace H2O

10 Joer Expositioun “Les artistes résidents”


10 Joer schonn stellen d' Artisten, déi en Atelier zu Déifferdang hunn, zesumme mat de Créateuren vum 1535 Creative Hub am H2O zu Uewerkuer aus.


D’ Ausstellung gouf um Vernissage inauguréiert mat engem faarwefrouen Action Live-Painting vum Artist Marco Weiten. Begleet gouf hie vum Group Kaloum Sogué mam Frontman Rachidi Yekini. Mat afrikaneschem Gesang, Danz a Musik, déi ënnert Haut gaangen ass, hu si de Leit e Spektakel gebueden, deen et a sech hat, während de Marco Weiten live, ugefeiert vun der Musek, e Bild gemoolt huet.


Folgend Artisten stellen aus:

Viviane Briscolini, Raymond Colombo, Carmen di Pinto, Nathalie Flenghi, Martine Glodt, Sarah Schleich, Lea Schroeder, Lynn Theisen, Egbedien van der Torre, Pit Vinandy, Marco Weiten.


D’ Ausstellung ass am H2O zu Uewerkuer.


Bis den 11. Oktober⎟Mëttwochs bis Sonndes⎟15 bis 19 Auer