Grouss Bongertenplanzaktioun mat der Kietschter Grondschoul


Rammerich: Am Kader vun énger gréisserer Bongertenplanzaktioun hun 40 Schüler aus dem Zykel 4.2 vun der Kietschter Grondschoul Uebstbeem op énger Fläch am Naturschutzgebitt Pont-Misère geplanzt. De Fieschter Serge Hermes huet de Schülerinnen a Schüler de Sënn a Notze vun den Uebstbeem erklärt an hinnen matgedeelt, dat dess Planzaktioun virun allem derzou bäidréit, nieft der Opwaertung vum Landschaftsbild an der Gemeng Rammerich, och dem Biodiversitéitsverloscht entgéint ze wierken. Doriwwer eraus kritt esou e Projet, durch d’Abanne vu Schoulklassen een enorme pädagogische Wert. Zum Schluss vun däer Planzaktioun huet de Buergermeeschter Toni Rodesch mat senger Schëffin Myriam Binck, d’Schülerinnen an d’Schüler als Merci op de verdingte Choky mat Croissant invitéiert. (CR) (Foto: Charel Reiser)