3 000 Euro fir d'Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn


E schéine Geste vum Gaart an Heem Réiden/Atert

Réiden/Atert: De Gaart an Heem Réiden/Atert hat am November op hiren traditionnelen Hierkenowend an den Hal Polyvalent invitéiert, den och musikalisch begleet, vum Entertainer Solomio e ganz groussen Erfolleg kannt huet. No senge Wierder vu Wëllkomm a Merci vum President Raymond Schlim koum et dunn zesummen mam Virstand, dem Gemengen- a Schäfferot zu enger Scheckiwerreechung, den den Erléis vum Verkaaf vun Eisekuchen iwert dat ganzt Joer duerstellt. Mat oprichtigen Merci konnt d’Aline Kuffer e Scheck vun 3 000 Euro entgéinthuelen, den der Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn (ASA) zugut könnt. ASA ass eng Vereenegung ouni Gewënnzweck, déi mat hire Projeten integral aus Spender- Suen finanzéiert gett, déi, fir d’Ausbildung vun Assistenzhonn gebraucht gin, fir se dann weider ze vermëttelen. D’Uschaffungskäschten fir een Hond vun der Rass Golden Retriever belaafen sech iwert 17 000 Euro. Zum Ofschloss huet d’Aline Kuffer erklärt, wat den Hond no der Ausbildung alles fir d’Leit mat enger Behënnerung an der Praxis leeschte kann.(CR) (Foto: Charles Reiser)