Chorale Ste-Cécile Réiden/Atert, d'Dirigentin Josette Ourth geet a Pensioun

Nodeems de Pierre Kuffer um Enn vum Joer 1998, no méi wéi 37 Joer d'Dirigentepult vum Réidener Gesank fräi ginn huet, war et d'Madame Josette Ourth, déi vum Januar 1999 un, d'Dirigenteplaz iwwerholl huet.Vill schéi Prouwen, Concerten, Massen, Sängertreffen an och Theaterspillen a Fester feieren stungen um Programm.

Enn 2017 huet d'Josette beschloss hir Pensioun als Dirigentin ze huelen.

Si bleiwt dem Gesank awer erhalen, a wäert dem Sopran eng grouss Stäip sinn, an

am Comité huet si d'Charge vun der Sekretärin iwwerholl.

Wéi an deene leschte Joeren, wëll de Réidener Gesank och weiderhin mat der Chorales Réunies Biekerich/Rippweiler/Schweecherdaul stëmmeg Massen a Concerten zesumme prouwen a sangen. D'Josette Ourth war an deene leschte Joren och hir Dirigentin, an et ass e frëndschaftlecht Zesummesangen entstan.

Gemeinsam hu si en Nofolger fir hir Dirigentin gesicht, an hunn en an der Persoun vum Här Henri Bissen vu Viichten fond, dee vum Februar 2018 un, di gesanglech Leedung vun hire Chorallen iwwerholl huet.

A Presenz vun de Gemengevertrieder Luc Pauly a Charel Welter, huet de Réidener Gesank dem Josette Ourth bei enger klenger Feier, mat engem perséinleche Lidd, engem Chèque a Blummebouquet MERCI gesot, fir hiren Asaz am Laf vun deene 19 Joer , an hunn hir eng schéi Pensioun gewënscht a vill Freed a Spaass als Sängerin am Chouer.