Um Fest vun der Helleger Cäcilia, huet de Gesankveräin vu Réiden traditiounsgeméiss eng feierlech a stëmmeg Mass gesong, dirigéiert vun der Mme Josette Ourth a begleet op der Uergel vum Carlo Philippe mat musikalischer Ennerstëtzung vun der Réidener Harmonie.
Uschléissend huet den Här Dechen Nico Jans di verdingte Piusmedaillen un 3 laangjäreg
Membren vum Réidener Gesank iwwerreecht.
D'Mme Beby Goeders-Raach huet fir 40 Joer treit Sangem am Chouer d'Goldmedaille mat Palmetten ugespéngelt kritt, an di 2 Hären Toni Glaesener a Fernand Scholtus si mat der Goldplaquette fir 50 Joer gesanglech Aktivitéit geéiert ginn. Den Här Dechen, souwéi de Comité vum Gesank hunn hir beschte Gléckwënsch ausgedréckt, an der Hoffnung op eng weider gutt Zesummenaarbicht am Dingscht vun der Kierch an dem Gesank.