Clemy Salentiny- Wirth fir den 90. Gebuertsdag gratuléiert


Réiden/Atert: D’Clemy Salentiny- Wirth koum den 6. Februar 1934 als di zweetjëngst Duechter vun acht Kanner zu Osper op d’Welt. Seng Eltere waren den Joseph Wirth vun Osper an Thérèse Lommel vun Eischen. Den 11. Oktober 1957 ass Hochzäit gefeiert gin mam Victor Salentiny, den no der Handwierkerschoul bis 1972 mat sengem Papp an der elterlichen Schlësserei tätig war. Seng läscht Aktivität vun sengem Berusfsliewen war de Victor bis zu senger Pensioun am Joer 1995 bei de Mënschen mat enger intellektueller Behënnerung op der Schock zu Réiden beschäftigt. Aus hirem Bestiednis sin zwou Duechteren an e Jong op d’Welt komm. No an no huet sech d’Famill Salentiny- Wirth ëm véier Enkel- an fënnef Urenkelkanner vergréissert. Och war d’Jubilarin niewent hirem Haushalt wärend viller Joeren als aktiv Sängerin am lokalen Gesangveräin tätig. Leider ass hire Mann Victor den 8. Oktober 2021 gestuerwen mat dem si vum Juli 2021 un just eng kuurz Zäit zesummen mam Réidener Altersheem konnt verbrëngen. Viru kuurzem war d’Clemy Salentiny- Wirth awer ganz frou fir hire 90. Gebuertsdag am Kader vun enger schéiner Feierstonn am Réidener Altersheem können ze feieren. Et war den Home- Direkter Dany Oestreicher, den als aller éischten am Numm vum ganzen Personal di bäschte Gléckwënsch mat enger Corbeille gefëllt mat schéine Blummen dierfen ze iwerbréngen an d’Gebuerstagskand als eng zefridden a rouig Matbiergerin, déi och en Deel vum Home zu Réiden, duergestallt huet. Och de Buergermeeschter Henri Gerekens a Presenz vun de Leit aus dem Schäffen- a Gemengerot war mat enger gut gefëllter Blummecorbeille komm, fir am Numm vun der Gemeng Réiden/Atert haerzlich ze gratuléiren, an der Jubilarin, déi nach a gudder Form am Réidener Altersheem sech wuel fillt an och weiderhin am Home nach ganz gut versuergt gëtt. Zesummen ass mat der Famill, d’Glas erhuewe gin an op den 90. Gebuertsdag geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)