Gaart an Heem Réiden- Präisiwerreechung Concours Villes et villages fleuris


Generalversammlung mat Medaillen fir langjährig Memberen

Réiden/Atert: Bei vollem Haus am centre Polyvalent war et fir de President vum Gaart an Heem Réiden, Raymond Schlim eng besonnesch Freed di vill Memberen an Éieregäscht ze begréissen an och jidderengem Merci ze soen fir di gut Zesummenarbecht an dat intensivt Schaffen iwert dat ganzt Joer. Am Uschloss un eng Gedenkminut war et un der Sekretärin Nadine Nickts fir de gut gefëllten Tätigkeetsbericht mat iwer 20 Aktivitéiten niewt fënnef Comitésitzungen vum Joer 2023 ze presentéieren. Ausflig, Eisekuchebâken, Besichtigungen, Hierkenowend, Representatiounen bei Fester asw hun dat ganzt aktivt Joer ergänzt. Fir d’Joer 2024 stin bis elo dess Datumer schon fest am Kalenner: Mammefeier (15. Juni); Hierkenowend (15. November); Chrëschtmaart souwi en Ausflug goufen an d’Ae gefasst. Weider Informatioun gin am Laaf vum Joer nach matgedeelt. Di positiv Finanzlag vum Christiane Poul ass och vun den Keesserevisoren Gaby Raposo an Cédric Bradara als exakt bestätigt gin. Fir di finanziell Ënnerstëtzung vun der Gemeng a vum Kropemansfest gouf et en extra Merci. Och un di zwou bedeitend Scheckiwerreechungen fir sozial Wierker ass erënnert gin. Als Vertrieder vum CTF- Verwaltungsrot hun d‘Chantal Wirtz an d’Alix Weimerskirch d’Engagement vum aktive Comité vun der Réidener Sektioun mat hire ville Memberen besonnesch geluewt an hinnen weiderhin vill Erfolleg gewënscht. A senger Ried huet de Buergermeeschter Henri Gerekens di vill Aktivitéiten begréisst an och Merci gesoot fir di stete Presenz bei allen Manifestatiounen di vun der Gemeng Réiden organiséiert gin. No senge Glëckwënsch un all Laureaten déi um Concours Villes et Villages fleuris fir d’Verschéinerung vun den Uertschaften deelgeholl hun, si folgend Famillen mat engem Akaaftsbong belount gin. Sektioun: Nagem: Reding- Bourg, Jules Didier- Weber an Jeannot Lacour. Sektioun Lannen: Léon Schroeder- Sibenaler a Léon Lamborelle- Munhoven. Sektioun Ospern: Jean Pletgen, Ernest Straus- Nilles an Gaby Greisch. Sektioun Niederpallen: Nicolas Thein- Mack, Gilbert Reding- Muller an Sonja Muller- Flick. Sektioun Reichlingen: Nanni Tillieux an Théo Linden- Wirth. Sektioun Réiden/Atert: Marc Wickler, Marc Peller- Kirchen, Nico Esser- Schroeder, Joé Reiser, Mike Brimmeyer, Muammer Kardelen, Paul Reiser- Goergen, Maggy Hensgens, Susi Reichling- Aubart, Paul Linkels-Winandy an the New Relais Postal. Eng Verbands- medaille am Sëlwer, Bronze a Gold gouf et och fir 10- 20 an 30 Joer fir eng ganz Reih Memberen am Veräin. Den aktuelle Comité: Raymond Schlim (President); Charel Welter (Vizepresident); Ramona Muller an Nadine Nickts (Sekretärinnen). Christiane Poull a Jean Poull (Finanzverwalter). Bäisitzend Memberen sin: Andrée Weber, Karin Knaus an Jempy Schartz. (CR) (Foto: Charles Reiser)