Konveniat vun de fréieren Schülerinnen aus der Regionalschoul vu Réiden/Atert


Réiden/Atert: Wéi bei dem läschten Konveniat am Oktober 2017 versprach, hun sech d’Schülerinnen vun 1975 bis 1977 viru kuurzem op en neis an der Brasserie Vieux Moulin op der Buurschtermillen getraf. Fir hiren 2. Konveniat ze organiséieren, haaten d’Félicie Schartz an d’Léa Wingert di fréier Schoulkomerodinnen och häerzlich agelueden. Wärend dem gemeinsamen Mëttegiessen gouf d’Geleeënheet och genotzt fir schéin Erënnerungen aus der onvergiesslicher Jugend a- Schoulzäit auszetauschen. An enger Gedenkminute ass och un di verstuerwen Léiherin Ketty Elsen an d’Schülerin Ursula Koenig geduecht gin. No e puer angenehme Stonnen, wou och vill gelaacht a gegeckst gin ass, war jidderreen averstan esou engt Treffen an der kommender Zäit erëm ze widderhuelen. (CR (Foto: Charles Reiser)