Réidener Wanterlaf ënnerstëtzt Vereenegung "Op der Schock"


Réiden/Atert: „Lafen a Walken“ fir de gudden Zweck, ass di Mega- Veranstaltung, déi den dynamischen Veräin “Réidener Wanterlaf“ säit hirer Grënnung am Joer 2007 all Joers op en neis Ugangs Januar zu Réiden/Atert, organiséiert. Di Responsabel vum Réidener Veräin hun sëch vun Ufank un virgeholl, fir een Deel vum Erléis vun desem Event an och verschiddenen Aktivitéiten vum Joer, e gudd Wierk ze ënnersëtzen. Viru kuurzem war et nees esou wäit, wou de President Fernand Thill mat sengem Virstand di grouss Freed hat, fir am Kader vun enger Scheckiwerreechung an de Raimlechkeeten vun der Vereenegung „Op der Schock“ zu Réiden/Atert Scheck vun 1 000 Euro können ze iwerreechen. No hirem oprichtigem Merci fir de schéine Geste, huet de President Gérard Anzia zesummen mam Nicole Fisch, Direktiounsbeoptragt vun „ Op der Schock“ anhand vun enger detailléierter Power Point Presentatioun d’Aufgabegebiet erklärt déi sech fir d’Bedierfnisser vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung asetzt an dobai hinnen eng Liewenqualitéit abidd, sou wéi hir berufflich a social Inclusioun och ze förderen. Dese Scheck gett och agesaat, fir all zousätzlich Käschten hëllefen ze finanzéieren, déi nit vum Staat ënnerstëtzt gin. Bleiwt ze erwähnen, dat de Réidener Wanterlaf mat desem Scheck säit 2007 di impressionnant d’Somm vu ronn 208 500 Euro fir gudd Wierker gespend huet. Di nächst Editioun vum Réidener Wanterlaf ass schon vir den 7. Januar 2024 zu Réiden virprogramméiert. (CR) (Foto: Charles Reiser)