Dem Jeanny Schroeder- Harpes zum 85. gratuléiert


Rëmmerich: Wéi et an der Gemeng Préizerdaul traditiounsgeméiss och de Brauch ass, gin d’Gebuertsdagskanner am héichen Alter vum Schëfferot geéiert. Viru kuurzem war dat de Fall, wou de Buergermeeschter Marc Gergen mat sengen zwéin Schäffen Marc Rehlinger an Fernand Muller bei d’Jeanny Schroeder – Harpes mat schéinen Orchideen komm sin, fir der Jubilarin die allerbäschte Gléckwënsch zum 85. Gebuertsdag ze iwerbrëngen. D’Jeanny Harpes koum den 23. Oktober 1937 als di eelst Duechter vun dräi Kanner zu Ettelbréck op d’Welt. Hier Elteren waren den Eugène Harpes vu Rippweiler an d’Léonie Bisenius vu Räichel. Den 20. Mee 1961 gouf Hochzäit gefeiert mam Franz Schroeder vu Rëmmerch. Allebéid hun si den elterlichen Bauerebetrib zu Rëmmerich dunn mat vill Méih a Pfleeg och weidergefuert. Aus hirem Bestiednis sin véier Jongen an eng Duechter ervirgaangen. Haut gehéieren 10 Enkelkanner zu der Famill Schroeder- Harpes. Leider ass de Franz Schroeder den 7. Dezember 2020 verstuerwen. Virun laange Joeren war d’Jeanny och aktive Member bei den deemoligen Fraen a Mammen am Préizerdaul. Zesummen ass d’Glas erhuewe gin, an op weider gesond an zefridden Joeren ugestouss gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)