80 järegt Bestoe Klengdéiereveräin Sandweiler

Viru kuerzem huet de Klengdéierenveräin vu Sandweiler seng 80 järegt Bestoe geféiert. No enger feierlecher Houmass fir all lieweg a verstuerwe Veräinsmemberen, hat de Klengdéierenveräin op eng kleng akademesch Sëtzung am Sous-sol vum Kulturzenter agelueden. De President Jacques Doswald huet a senger Usprooch , d'Madamm Buergermeeschter Simone Massard , d'Gemengeconseilleren, de President vun der USAL den Här Hansen, Vertrieder vun de Veräiner souwéi all Memberen an Invitéë begréisst. De Sekretär Paul Risch huet uschléissend ee Resumé iwwer déi 80 Joer Veräinsgeschicht gemaach. De Veräin gouf den 1.Mee 1938 gegrënnt. Grënnungspresident war den Här Emil Hentzen. No der Veräinsgeschicht war et den Här Hansen, President vun der USAL dee kuerz iwwer déi haiteg Problemer bei der Klengdéierenzuucht geschwat huet an dem Sandweiler Veräin fir d'Zukunft vill Erfolleg gewënscht huet. Zum Schluss huet d'Buergermeeschteg d`Madamm Massard ,dem Comité vum Klengdéierenveräin Merci gesot vir hiert Schaffe fir d'Allgemengheet, d`Ofhale vu Klengdéierenausstellungen déi ëmmer bei de Kanner en groussen Uklang fannen an dem Veräin den Eierewäin offréiert. No der Akademescher Sëtzung hat de Comité vum Klengdéierenveräin all seng Memberen op ee Festiessen mat uschléissendem Thé dansant am Kulturzenter agelueden.