The Best off..... mam Yannchen Hoffmann, Carlo Hartmann an Al Ginter
D'Kulturkommissioun vun der Gemeng Schëtter invitéiert
op e sprëtzeg-frivole Spektakel aus der Rubrik "Classiccomedy"
Freideg, de 9. November 2018 ëm 20.00 Auer an de Sall Bichelgréitchen
um Campus "An der Dällt" zu Minsbech
The Best off..... mam Yannchen Hoffmann, Carlo Hartmann an Al Ginter
Dräi onverbesserlech lëtzebuerger Gesangskomödiante weisen Iech déi bescht Nummeren mat deene se an de leschten 20 Joer heizuland, an op internationale Bühnen hire Publikum begeeschtert hunn. An engem Alter wou "normal" Mënschen un hir Pensioun denken, fänken si eréischt richteg un ....
Begleet gëtt dat Ganzt op enger grousser Concerts- dréiuergel déi speziell fir déi Zort vu Programmer zu Wien gebaut gouf.
Entrée : 10 € - Jugendlecher ënner 21 Joer si fräi !