Generalversammlung vun der Asivema zu Simmer

D'Memberen vun der Asivema (Daachorganisatioun vun den Syndikat Initiativen a Gemengen aus dem Äisch- Mamer an Atert Dall) hu sech kierzlech zu Simmer fir hir jäerlech Generalversammlung getraff.
Et wor e Joer mat villen Aktivitéiten, hunn de President Camille Liesch an d'Sekretärin Germaine Everard an hiren Virträg däitlech gemaach. Déi traditionell Apéro Tir hunn nieft verschiddenen Excursiounen an dem Engagement am Leader West wie Atert- Wark vill Zäit an Aarbecht erfuedert.
Genau sou wei de Projet Westtrail wou elo zesumme mat den Leader West an Atert-Wark un enger Bestandsopnam vun den Wanderweeër an der Regioun geschafft gëtt, an éischt Resultater virleien déi demnächst veröffentlech ginn.
All Hëllef ass wëllkomm fir am Virstand vun der Asivema matzeschaffen, dee setzt sech am Moment aus Camille Liesch, Germaine Everard, Nello Zigrand, Jos Nothum a Jeannot Weber zesummen.
Dëst ass ëmsou méi wichteg well d'Asivema och 2017 e grousse Programm huet.
D'Asivema bedeelegt sech z.B. um Festival bei eis am Äischdall vum 02 bis den 05 Juni zu Habscht (Invitatioun als PDF als Annex).
D'Asivema ass am Comité vun Leader West an Atert Wark, an och am neien ORT Zentrum Westen vertrueden.
Ënnert groussem Applaus vun der Versammlung gouf de laangjäregen President Jemp Kunnert als Éierepresident vun der Asivema ernannt.
En gemittlechen Ofschloss gouf et um Camping Simmer.
Weider Informatiounen iwwert Asivema fand der um www.asivema.lu oder www.westtrail.lu